Sven Fielitz

Sven Fielitz

Acrobatie

Mäi Numm ass Sven Fielitz, ech si 1991 gebuer a seit 2006 als Fussball Freestyler aktiv. Mëttlerweil üben ech dës Sportart/Konschtform professionell aus, niewt menger Tätegkeet als Filmschaffenden/Kameramann.

Ech bidden engerseits Showeinlagen, also eng Performance déi op Musik ofgestëmmt ass, anererseits awer och Atelier'en/Workshop'en mat Jugendlecher. Idealerweis schaffen ech mat Jonker ab engem Alter vun 10 Joer zesummen. Ech kéint meng Kueren op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch halen - ech si fléissend an deene 4 Sproochen. Als Indépendant sinn ech och relativ flexibel wat meng Disponibilitéiten ugeet, mee dat hänkt och ëmmer vun aneren Projet’en of. Ech hunn ënnert anerem scho mam SNJ (Freestyle-Tour), LAML, dem LTPS (Health Virus Day), de Rotondes a verschiddene Maison Relais’en zesummegeschafft, oder och Atelier’en bei verschiddene Schoulfester duerch d’Land gemaach.

Außerhalb vu Lëtzebuerg maachen ech och reegelméisseg bei Meeschterschaften mat, wou ech ënnert anerem folgend Auszeechnungen kritt hunn: 4. Plaatz Europäesch Meeschterschaften (2015) an Top16 Red Bull Street Style World Finals (2016).

Contact

Website: /

E-mail: contact@svenfielitz.com