
Nina Frieden
Art
Ech hunn e Master an der Konscht a Kommunikatioun a schaffen haaptberufflech als fräischaffend Kënschtlerin. Meng Spezialisatioun läit an der Illustratioun an an der Sérigraphie - enger manueller Drocktechnik. Dës bitt vill kreativ Méiglechkeeten: Molerei mat Tënt, Gouache oder Acryl, Experimentéiere mat Uelegpastell oder Bläistëft, Aarbecht mat Collage, Fotografie oder digitalen Techniken. Am flottsten ass awer den Drockprozess selwer – de Moment, wou déi eenzel Faarfschichten opgedroe ginn an e fäerdegt Motiv entsteet. Ech hu vill Erfarung an der Leedung vu Workshops, Stagen a Formatiounen – haaptsächlech fir Kanner a Jugendlecher aus Grondschoulen a Lycéeën, mee och fir punktuell Evenementer a Bibliothéiken, Kulturzentren a Muséeën. D’Atelieren sinn op verschidden Methoden a Techniken opgebaut, wéi Siebdrock, Illustratioun, Collage oder méi grafesch an digital Aarbechtsweisen.
Am léifsten entwéckelen ech d’Projeten an Zesummenaarbecht mat de verschiddene Strukturen oder dem Léierpersonal. Sou entstinn dacks pluridisziplinär Projeten – wéi Dekore fir de Schoultheater, gedréckte Mustere fir Kostümer oder d’Konzeptioun vun Ausstellungen. Bei grousse Projete ginn ech begleet vun mengem Aarbechtskolleeg Romain fir d’Workshoppen an allen Etappen effikass ze betreien. Ech sinn der Iwwerzeegung, datt a jidder Mënsch e kreativt Talent stécht, dat sech an engem pedagogesch ugepassten Ëmfeld entfale kann. Konscht ass eng wonnerbar Aart a Weis, op d’Welt ze kucken - an sech dobäi e Stéck wäit selwer ze entdecken. Ech schwätze Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch a si flexibel wat d’Zäiten, d'Gemengen an d’Schoulniveauë betrëfft. Mat mengem mobillen Atelier bréngen ech all néidegt Material mat.
Contact
Website:
E-mail: ninapercolation@gmail.com