Mara Daro

Mara Daro

Acrobatie

D´Mara an den Ole, formen en artisteschen Duo, deen sech Aramelo nennt (https://aramelo.net/). Si hunn zesummen am Joer 2018 en Bachelor of Contemporary Circus Arts zu Rotterdam (Codarts-University of the Arts) ofgeschloss. Säitdeem touren si europawäit mat hiren Trampolin- an Akrobatikshows ronderëm an trieden ënner anerem bei Theater- an Zirkusfestivallen, modernen Zirkusproduktiounen an Variététhéâteren op. Nierwend den Optrëtter ginn si immens gären Zirkuskueren, wou si hier Begeeschterung fir di modern Zirkuskonscht kennen verbreeden. Hier Workshoppen sinn fir all Altersgruppen an Niveauen gëeegent an beinhalten all méiglech Zirkusdisziplinnen ewéi Buedem-, Trampolin- an Partnerakrobatik, Loftakrobatik (Trapez, Tissu,...), Jonglage, Clown, ... esou wei och Theater, Danz an d´Konscht op der Bühn ze stoen. Dëst alles vermëttelen si mat ganz vill Spaß an Spill. Si schwätzen Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch an kennen mat Schoulen am ganzen Land zesummeschaffen.

Contact

Website:

E-mail: contact@aramelo.net