Luka Tonnar

Luka Tonnar

Musique

Ech sinn en fräischaffenden Toun-Ingenieur, Audio-Produzent a Museker. Zu Berlin hunn ech en Bachelor Ofschloss an der Audio-Produktioun absolvéiert. Virdrun hunn ech de Stage de Remplacement dans l'Enseignement Fondamental an der Stad gemaach. Ech spille Gittar, Piano a Batterie a schreiwe selwer Musek. Duerch meng Erfarungen als Audio-Produzent kann ech fir Workshops als Techniker sou wei och als Museker aushëllefen. Ech kann Instrumenter a Stëmme fir Lidder, Héierspiller an aner Produktiounen ophuelen an och professionell mixen. Den techneschen Aspekt kéint ech de Schüler och bäibréngen. Meng eege Kompositioune kann ech zu dësen Zwecker och bereetstellen. Zousätzlech kéint ech Song-Writing, Rap, a Beatmaking Workshops ubidden. Als Remplaçant sinn ech den Ëmgang mat Kanner am schoulesche Kader scho gewinnt. Ech schwätze Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch. Ech si bereet mat all Altersklass an Niveau zesummenzeschaffen. Ech si flexibel a freeë mech drop mat dem Léierpersonal flott Workshops auszeschaffen. Ech sinn normalerweis zu alle normale Schoulzäiten disponibel. Am Léifste géif ech an der Stad oder zu Miersch schaffen, mee ech si flexibel a mobil.

Contact

Website:

E-mail: luka.tonnar@gmail.com