Lis Dostert

Lis Dostert

Théatre

Ech sinn d'Lis, ech sinn Schauspillerin a war 4 Joer zu Paräis op der Schauspillschoul, wou ech och meng Passioun fir d'Schreiwen an d'Inszinéieren entdéckt hunn. Säitdeem schreiwen an inszinéieren ech och gären meng eegen Theaterstécker. Ech schaffe gären mat Kanner a Jugendlecher zesummen, a konnt och do schonn op verschiddene Beräicher Erfarung sammelen: ech halen schonn zënter bal 12 Joer Training am Karate, ech sinn an der Grondschoul ersetze gaangen, an och duerch den CISV, eng Friddensorganisatioun, wou een op internationale Camps Leit aus aner Länner a Kulturen kenneléiert a mathinne duerch Aktivitéiten (learning by doing) peace education mécht, war a sinn ech aktiv. Theater kann ee mat jidderengem an ënnert alle méiglechen Formen maache. Ech sinn do och ganz oppen, a bereet mat Kanner vum Fondamental bis Jugendlecher am Lycée ze schaffen. Däitsch, Franséisch, Englesch, Lëtzebuergesch ass alles méiglech. Theater ass iwwregens och ee flotte Mëttel fir eng Sprooch kennenzeléieren oder op eng spilleresch Aart a Weis eng Sprooch ze léieren. Theater muss awer net onbedéngt un eng Sprooch gebonne sinn, et kann een sech och ouni Wierder ausdrécken a kommunizéieren. Fir mat Iech zesummen ze schaffen, sinn ech am ganze Land disponibel.

Contact

Website:

E-mail: lis.dostert@gmail.com