Laetitia Lang

Laetitia Lang

Théatre

Ech schaffen als fräischaffend Theaterpädagogin an Theatermacherin zwëschend Lëtzebuerg an Eistreich. No menger Ausbildung als Erzéierin (2014) hunn ech op der Universität Wien Bildungswissenschaft studéiert an niewelaanscht meng Ausbildung als Schauspill- an Theaterpädagogin gemaach (2015-2017).  Als Theaterpädagogin, Performerin an Regisseurin schaffen ech an ënnerschiddlech Theater- an Kulturhaiser, Bildungsariichtungen an Kulturveräiner.  Um Theater interesséieren mech besonnesch kënschtleresch Formater, an deenen d’Leit op déi ënnerschiddlechst Aart an Weisen mateneen an Kontakt kommen, sief et mat sech selwer, mat aneren oder mat der Ëmwelt. Sou wéi sech mat ënnerschiddlechen gesellschaftlechen Zesummenhäng auserneen ze setzen, se ze dekonstruéieren an siichtbar ze maachen.  Niewent dem Theater gehéiert Literatur zu mengen groussen Leidenschaften. En vun mengen Härzenprojeten ass den Veräin Literaturstunde, den ech mam Alexandra Mitterer däerf kuratéieren. Mir organiséieren multimodal Liesungen vir Literatur engem breeden Publikum zougänglech ze maachen.

Seid 2021 ginn ech och an Schoulen vir Virzeliesen an Bicher virzestellen.

Ech liesen allerdéngs just op Däitsch oder Lëtzebuergesch.  Ech bidden Workshops vir Precoce, Spillschoulen, Primärschoulen an Lycéeën un, gären op Däitsch oder Lëtzebuergesch an flexibel mat den Aarbechtsstonnen.

Contact

Website:

E-mail: laetitia.lang@mac.com