Kelly Klapp

Kelly Klapp

Film

Mein Numm ass Klapp Kelly, sinn 1993 gebuer an sinn Costume- an Propmaker. Primär schaffen ech mat Lieder, Thermoplastiken an Schaumstoffer. Nodeems ech 2 mol hannerennen (2015 an 2016) d'Blizzard-Costume Europa-Meechterschaft gewonnen hat, hun ech mech als Propmaker an Kostümbildnerin selbststännech gemacht. Studeiert hun ech Konscht am Art et Metier zu Letzebuerg an sinn dono dann op Köln weider studeieren gaangen. Während der Zeit hun ech schon Kostümer fir mech selwer gebaut an op verschiddenen Eventer gedroen. Och sinn ech deelweis op Grond fun den ausgefalenen Kreatiounen fir Eventer gebucht ginn. Mettlerweil hun ech een Geschäft zu Vianden wou ech dem Client (sief dat fir den egenen Gebrauch oder fir den Film/Theater) unbidden, Kostümer an Requisiten op Moß ze machen, un Workshops deel ze huelen fir egen Kreatiounen ze bastelen oder awer en kritt dei richteg Berodung an fennt dei richteg Materialien fir seng eegen Projeen doheem ze machen. Ech schwätzen fleissend Letzeboiesch, Deitsch an Englech an den Aarbechtsoflaaf kann un all Cycle ungepasst ginn. Ech kann meng Disponibiliteit fir mam Leierpersonal an der Klass ze schaffen flexibel unpassen dat selwecht gellt fir den Emkrees an deem ech bereet wier ze interveneieren, woubei mir den Norden vum Land do am leifsten wier mee, wei gesot, ech sinn flexibel.

Contact

Website:

E-mail: onisworkshop@gmail.com