Julie Wagener

Julie Wagener

Art

Main Numm as Julie Wagener, an ech sin fraischaffend Illustratorin a Molerin. Ech schaffen haaptsächlech manuellen Medien, vun der Bleistëftsfaarw iwwert Aquarellen bei d'Uëlegfaarw. Doniëwt schaffen ech och an der Serigraphie an réaliséieren handgedrëckt Motiver op Pobeier an Textil. Ech sin dovun iwwerzeegt dass kënschtleresch an kulturel Sensibilisatioun bei Jonken essentiel fir eng sujetsiwwergraifend an emfangreich Educatioun an Erzéihung as. Dofir well ech main Beruf mat Jonken deelen an sie net nëmmen op d'Meiglechkeeten vun manuel-kreativen mee och vun professionellen Beraicher opmierksam maachen. Ech war jorenlaang Formatrice vun Jonken teschend 13 an 15 Joër bei der FNEL an ech hun Erfahrung Programmer auszeschaffen an se herno um Terrain emzesëtzen. D'Léierpersonal kennt hier Schüler trotzdem nach ëmmer am beschten, an dofir wiër et ideal wann konkret Erwaardungen oder Firstellungen iwwert den Atelier/Workshop schon am Firfeld präsent wiëren. Esou as eng detailléiert Ausernaanersetzung mat der Demande an eng adaptéiert Organisatioun vun menger Sait meiglech. Ech hun gär wann ech Participant'en fuëderen an schon präsent Affinitéieren ausbauen kann. Dofir riichten ech mech heimat eischter un méi aal Schüler (zB vun E Sektiounen). Meng onofhängeg Aktivitéit als Kënschtlerin erlaabt mir extrem flexibel ze sin wat d'Auerzaiten betrefft an dat ganzt och uëchtert Land. D'Atelieren kënnen op Lëtzebuergesch, Franséisch, Daitsch oder Englesch gehaalen gin. Fir een klengen Abléck an meng Arbëscht : www.juliewagener.com

Contact

Website: www.juliewagener.com

E-mail: info@juliewagener.com