Jeannine Unsen

Jeannine Unsen

Art

Ech sinn diploméiert Fotografin a schaffen als Kënschtlerin am Beräich vum “Art Visuel”. Ech si spezialiséiert op de Portrait an analyséieren a menger Aarbecht Notioune vun Identitéit, Verletzlechkeet, Stëllt an Introspektioun.

Jiddereen huet eng Geschicht ze erzielen an ech fannen et spannend dem Mënsch de Raum ze ginn dat an engem intimistesche Kader kënnen ze maan an et fotografesch ëmzesetzen. Besonnesch Jonker hu vill matzedeelen an ech fannen et wichteg dat si sech an enger séierer Welt erëm mat Stëllt ausernee setzen.

Dat hei beschreift et am Beschten:

“ Extraordinary portraits suggest that in a microsecond it takes fo the shutter to blink, some communion has been found. That an unseen life has become a seen one, that attention has been paid. That an act of witness has been accomplished. They remind us how much we want to be seen, and also how infrequently we practice the skill of seeing others.” Hanya Yanagihara

Et kann ee mat de Jonken op vill verschidden Theme schaffen awer Identitéit ass wuel eent wat fir si besonnesch relevant ass. Nieft Portraiten a Mise en scène’n maachen ech Broderie op Fotografie. Dat ass e meditativen Akt dee bësse Gedold verlaangt an och dat ee sech formal mat engem Bild ausernee setzt. Beispiller vu menger Aarbecht fannt Dir op: www.jeannineunsen.com oder op Instagram ënnert jeannineunsen.art

Ech schwätzen LU, DE, FR an EN, schaffen am léifste mat Jonken aus dem Lycée am cycle supérieur an ech si flexibel wat d’Auerzäiten ugeet.

Contact

Website:

E-mail: hello@jeannineunsen.com