Jacques Schmitz

Jacques Schmitz

Art

Mäi Numm ass Jacques Schmitz, 1990 gebuer, Studium vun der Philosophie a Germanistik zu Köln. Säit 2016 als fräischaffende Kënschtler an der Molerei täteg, an och als Auteur vu Gedichter a Kuerzgeschichten, wéi och als Dréibuchauteur am Film. Haaptsächlech schaffen ech an der Uelegmolerei, wou ech scho bei villen Ausstellunge matgemaach hunn. A menge Biller ginn ech inhaltlech satiresch/kritesch mat mir selwer a mat menger Umgebung ëm. Ech sinn dovun iwerzeegt, dass Konscht muss inhaltlech eppes aussoen, well se soss just reng dekorativ ass. Och muss Konscht sech lassléisen vum akademesche Formalismus. Dëst giff ech gär mat jonke Mënschen aktiv deelen. Ech hu scho während der Studienzäit mat Jugendleche geschafft, zum Beispill an enger Flüchtlingsklass zu Köln. 2018 hunn ech zu Lëtzebuerg 1 Joer als Chargé am Lycée ALR zu Redange Däitschkuere ginn. Dat huet mer enorm vill Freed gemaach. Ech hu mech awer deemols ganz bewosst fir de Wee vum Fräischaffenden entscheed, fir kënnen a ville Beräicher kreativ weider schaffen ze kënnen. Ganz gär géif ech lo meng kënschtleresch Erfahrung mat menger Freed um pädagogesche Schaffen mat Jonken kombinéiren. De Schoulniveau spillt keng grouss Roll, am léifsten awer ES. Ech schwätze Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch perfekt a ka mech gutt débrouilléiren op Franséisch. Meng Disponibilitéiten sinn ennerschiddlech, awer flexibel, well ech Indépendant sinn. Eng geographesch Agrenzung gëtt et net.

Contact

Website:

E-mail: schmitz.jacques@gmail.com