Giulia Thinnes

Giulia Thinnes

Photographie

Ech sinn d‘Giulia, Fotografin. Ech sinn amgaang meng Ofschlossaarbecht a mengem zweete Studiegang Fotografie zu Berlin op der Ostkreuzschule, enger Schoul fir Dokumentarfotografie, ze maachen. An där
Aarbecht (nach net publizéiert) geet et em den Afloss vu mengen Liewensëmstänn op mech. Intuitiivt Fotograféieren an dat nodréiglecht Editéieren zu enger koherenter Serie stelle meng Gefiller zum Schluss visuell duer. Ech ka mer virstellen dass esou eng Virgoensweis interessant wier fir Kanner oder Jugendlecher déi sech net esou gutt ausgedréckt kréien oder méi verschloss sinn. Meng aner Schwéierpunkte sinn Portrait‘en, Stroossefotografie, Landschaft an eben Dokumentarfotografie. Och doran wir et méiglech e Projet ze maachen. Ech drécke mech allgemeng net iwwert eenzel Fotoen aus, mee iwwert relativ vill Biller, déi dann zesummen e Gesamtbild erginn. D.h. ech stellen Serien zesummen a probéieren domat eng Geschicht ze erzielen. Dobäi schaffen ech vill analog an entwéckelen a scannen d‘Fotoen och selwer, déi dann just nach liicht um Computer verschafft ginn. Reng digital fotograféieren an komplett analog schaffen maachen ech awer och. Ausgestallt hunn ech schonn heiheem an och international.

Méi Detailer op giuliathinnes.com.

Doduerch dass ech och am Fondamental ersetzen, sinn ech souwisou vill an de Schoulen ënnerwee. Fir e fotografesch-kënschtleresche Projet géing ech am léifsten eréischt ab dem C3 oder souguer eréischt
C4 ufänken. Am Secondaire geet dat natierlech nach besser. Ech sinn zäitlech ganz flexibel. Wann et virdrun ofgeschwat ass, ass bal alles méiglech. Ech wunnen am Westen a wier disponibel am Zentrum, bis an d‘Staat erof an bis op Wolz erop. Méi nördlech oder südlech awer gären ufroen, jee no Horaire geet dat och. Sproochlech sinn Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch kee Problem.

Contact

Website:

E-mail: mail@giuliathinnes.com