Georges Goerens

Georges Goerens

Musique

Als Artist vum HARIKO (hariko.lu) hunn ech iwwer di läscht 2 Joer wöchentlech Workshops mat Jugendlecher geleet an u Museksprojete zesumme geschafft. Als Sänger a Gittarist vun der Lëtzebuerger Band Seed to Tree hunn ech iwwer di läscht Jore vill Bühnenerfarung sammele kënne, déi ech gär a menge Kuere mat afléisse loossen. Am Mëttelpunkt steet dobäi ëmmer de Jugendlechen. Wéi kann am Kader vum Workshop säi Potential zur Geltung kommen a wéi eng Atouten hunn di Jonk, déi si weider developpéieren oder a sech entdecke kënnen. D'Musek ass d'pedagogescht Mëttel fir mat deenen Jonken zesumme nei Säiten u sech ze entdecken. Fir un eist Ziel ze kommen, ginn Techniken vum Schreifatelier bis zur konkreter Musekspraxis benotzt. Um Enn vun engem Workshopzyklus soll eng Performance stoen, déi virun engem Public kann opgeféiert ginn.

Contact

Website:

E-mail: georges.goerens@gmail.com