Gabrielle Taillefert

Gabrielle Taillefert

Théatre

Ech sinn d’Gabrielle a si säitdeem ech 13 Joer al sinn am Theater aktiv. A menger Jugend war ech Deel vun theaterpädagogesche Projeten am LMRL an am TNL, an hunn 5 Joer laang am Conservatoire zu Lëtzebuerg franséisch Dictioun an Art Dramatique geléiert. Des Erfarungen hu mech dozou motivéiert am Theatermilieu ze schaffen. Wärend menge Politikwëssenschaftsstudien a Frankräich an an Däitschland war ech Deel vu verschiddenen Theater- an Improkollektiver, déi ech deels och matgegrënnt hunn. An dëse Kollektiver hu mir souwuel eege Kreatiounen, wéi och interaktiv Interventiounen a Muséeën, Schoulen, Crèchen an Unien op d’Been gestallt. Säit 2014 sinn ech och Deel vum lëtzebuergesche Konschtkollektiv Richtung22, an deem ech souwuel recherchéieren, schreiwen, spille wéi och inzeenéieren. Oft waren/sinn dës Kollektiver vu Jugendlechen a jonken Erwuessener selbstverwalt. Dëst gëtt hinnen d‘Autonomie an de Fräiraum, mat anere Persounen zesummenzeschaffen a sech kreativ ze entfalen. D’Erfarung innerhalb vun dëse Kollektiver huet mir eng Praxis ginn, Mënschen ze ënnerstëtzen sech mat hiren Theme kreativ auserneen ze setzen an Technike mat hinnen ze deelen, fir dass si hier Visioun ëmsetze kënnen. Am Moment sinn ech um Enn vun enger 2-järeger Ausbildung an der Theater-an Danztherapie zu Bréissel. Am Kader vun dëser Ausbildung hunn ech och Erfarunge mat Persounen a méi komplizéierte psycheschen an/oder sozio-ekonomesche Situatioune gesammelt. Ech schwätze fléissend Franséisch, Lëtzebuergesch, Däitsch an Englesch. Well ech virun allem Erfarung mat Jugendlechen a jonken Erwuessenen hunn, géing ech léiwer am Secondaire schaffen. Vun den Disponibilitéiten hier sinn ech ganz flexibel. Ech hunn eng Präferenz fir de Süden an d’Stad, well ech zu Esch wunnen an ëffentlech Transportmëttele benotzen. Ech huele mer gären Zäit fir mam Léierpersonal ausserhalb vun der Klass e Projet zesummen auszeschaffen, also bei Intressi schreift mir ganz gären.

Contact

Website:

E-mail: gabrielle.taillefert@protonmail.com