Christine Heitz

Christine Heitz

Musique

Mäin Numm ass "Krick", ech si Sängerin a Songwriter a war elo am Januar 2024 ee vun de Finaliste beim "Luxembourg Song Contest" (fir den ESC).

Ech spille Gittar, Piano, Ukulele, bësse Klarinett an Trompett a verbrénge gär Zäit mat Kanner/Jugendlechen.
No a viru mengem Optrëtt beim ESC, hu mir vill Kanner geschriwwen. Ech krut Danzvideoen oder Videoe wou d'Kanner mäi Lidd sangen an ech hunn dat immens flott fonnt an ech géing mech feeën, de Kanner op dësem Wee eppes iwwert d'Musik bäizebréngen oder och einfach just mat hinnen ze musizéieren, ze sangen an Zäit matenee ze verbréngen.
Ech schwätze fléissend Lëtzebuergesch,  Franséisch, Däitsch an Englesch a komme gär an d’Géigend Ettelbréck, Réiden, Miersch, Dikkrich bei all Niveauen. Meng Disponibilitéiten hänken vu menge geplangten Concerten/Projeten oof a muss da geklärt gin.
Ech hunn sou wäit nach keng Erfarungen am Educatiouns-Beräich a keng pädagogesch Ausbildung, sinn awer geléiert Infirmière an hu wärend der Schoulzäit, déi Eng oder Aner Formatioune gehal.

Contact

Website:

E-mail: heitzchristine97@gmail.com