Chris Poulles

Chris Poulles

Film

Ech schaffen haaptberufflech als Kameramann (DP) a Fiktioun, Doku wéi och Werbung. Hunn iwwert Joren an allen techneschen Beräicher vun enger Filmproduktioun geschafft. Doriwwer hinaus, hunn ech meng eege Projeten als Regisseur lancéiert. Ausserdeem sinn ech bewandert mat Schnettprogrammer sou wéi och Farwbearbechtung (Grading). Virstelle kann ech mer Projete mat Schüler allen Alters wou een "Storytelling" behandelt. Wéi kann een visuell eng Geschicht erzielen? Wat mescht ee Bild zu deem wat et ass? Wat ginn et fir verschidde Stiler? Wéi setzt een et technesch em: Pre-Produktioun, Produktioun, Post-Produktioun (Montage). Eng Mëschung aus e bëssen Theorie mat direkt ëmgesater Praxis. Genau sou gutt, kann een dat Ganzt och just als eng Photoserie maachen, wat manner opwänneg ass. Sinn do ganz offe fir externen Input. (DE; LU; ENG).

Contact

Website: www.chris-poulles.com

E-mail: mail@chris-poulles.com