
Aurélie d'Incau
Art
Als Kënschtlerin an ausgebilte Konschtpädagogin schaffen ech vill mat experimentelle Konschtformen, ob dat Performance, Molen, Stopmotion Film oder Installatioun ass. Meng Iwwerzeegung als Pädagogin ass, dass Spill an Experimentatioun engem Kand (a Kënschtler a Mënsch) seng wichtegst Haaptbeschäftegung soll sinn. Dofir sinn all meng Aktivitéiten dorobber opgebaut a si puer projetsorientéiert, a fokusséieren sech op d’Stimulatioun vun de Kanner hirem divergenten Denken an d’Üben vum ästheteschen Aen. Am Idealfall gëtt et ëmmer vill Material mat dem een däerf experimentéieren. Fir dat ze erméiglechen, benotzen ech am allermeeschten ökologesch Techniken. Hei geet et net em Traditionell ‘downcycling’ mat Peschpistoul mee Materialien esou ze benotzen, datt se herno erëm kennen ausenee geholl ginn, oder ob de Kompost geheit ginn. Dofir däerf een och keng Angscht virum knaschteg ginn hunn. Déi Spilleresch Interaktioune ginn awer natierlech ëmmer op d’Mooss no de Besoine vun de Clienten entwéckelt. Meng Erfarung mat kënschtlerescher pädagogesch Aarbecht huet am Art à l’école ugefaangen an ech hu mech dunn awer op non-formell Institutioune fokusséiert an hunn ënnert anerem mam Mirador - Centre nature et forêt zu Stengefort, MUDAM, de Kannerbüro zu Woltz, de Rotonden, dem CAW zu Walfer oder och der Psychiatrie zu Ettelbréck geschafft.
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch, Portugisesch, (Franséisch).
Schoulniveau: All Niveauen.
Am Ëmkrees vun der Stad am léifsten, mee alles am Radius vun 32km (oder mam Zuch ass ok).
Mat der Léierpersoun zesummenzeschaffen ass ëmmer erëm eng Beräicherung, soulaang et eng aktiv a konstruktiv Kollaboratioun ass.
Contact
Website:
E-mail: aurelie.dincau@gmail.com