Kulturama -HOME

Wat ass kulturama.lu?

Mat der Plattform kulturama.lu versicht de SCRIPT, a Kooperatioun mam Kulturministère, d’Beräicher vun der kultureller Bildung a vun der Kulturvermëttlung an der Schoullandschaft weider ze fërderen, an Initiativen z’ënnerstëtzen, déi kulturell Voleten an de Schoulen uviséieren. ...

Zum enge geet et bei kulturama.lu dorëms, fir Léierpersounen resp. Schoulen – sief et am Fondamental oder am Secondaire – d’Méiglechkeet ze ginn, op sämtlech Informatioune vu kulturellen Institutiounen aus Lëtzebuerg zréckgräifen ze kënnen. Hei fënnt een ë. a. och Ëffnungszäiten a Kontaktpersounen – dëst duerch eng digital Lëtzebuerger Landkaart, déi, mat Hëllef vu Filteren, d’Sich no enger bestëmmter Informatioun erliichtert; wéi och duerch en Agenda (och als Newsletter abonnéierbar), deen ab September kanner- a jugendgerecht Evenementer affichéiert (ab der Rentrée).

Zum anere gëtt eng Hëllefstellung ugebueden, fir Kënschtler resp. Experten aus bestëmmte kënschtleresche Sparten (Theater, Literatur, Danz, Musek, Film, bildend Konscht, a. a.) z’invitéieren, fir zesummen an der Klass/ Schoul kreativ Projeten ze realiséieren ‒ dëst ka goen vun enger bis e puer vereenzelten Interventiounen, bis hin zu enger méiglecher Zesummenaarbecht mat ënnerschiddleche Kënschtler, fir an engem gréissere (Schoul)Projet zesummenzewierken. Alles an enger Philosophie vun enger gemeinsamer Kulturvermëttlung; op pädagogeschem an artisteschem Plang, fir an Zesummenaarbecht tëscht Enseignant a Kënschtler méiglechst differenzéiert Facettë vun der Kulturvermëttlung z’erméiglechen. D’Léierpersoun kann esou hire Cours mat kulturellen Usätz an Knowhow ergänzen oder souguer ganz nei Perspektive schafen. An dem Kënschtlerpool kann d’Léierpersoun gesinn, wat déi verschidden Artisten am Kader vu kulturama.lu bis dato alles geleescht hunn an a wéi engem Beräich resp. bei wéi enger Alterskategorie vu Kanner a Jugendlechen si am beschten wierke kënnen.

Wat ass kulturama.lu net?

Et ass wichteg an dësem Zesummenhank, datt déi uviséiert Kulturama-Fërderprojeten sech an enger Logik vun engem innovativen, partizipativen Charakter beweegen – enger Zesummenaarbecht tëscht Enseignant a Kënschtler. Et ass gewosst, datt momentan an de Schoulen, sief et am Fondamental wéi och am Secondaire, ganz vill kulturell Projeten existéieren; vu Liesungen a Geschichtenerzielungen, iwwer kreativ Konschtprojeten, bis hin zu Theateropféierungen a Musek-Workshops. Dës Projeten, déi an direkter Weis eng weider kulturell Offer an d’Klass bréngen an tëscht Schoul a Kënschtler direkt organiséiert sinn, sollen och weider bestoen a kënnen/sollen net iwwer dës Plattform matgedroe ginn. Och ass et net ugeduecht, datt Kënschtler an engem Sënn vun Expert externe iwwert en Trimester oder Joer engagéiert kënne ginn, fir separat an der Schoul e Cours kënnen unzebidden.

D’Philosophie vu kulturama.lu ass deemno fir Méiglechkeeten a Chancen ze bidden, datt interesséiert Enseignanten alleng, oder an direkter Zesummenaarbecht mat engem Kënschtler, sech innovativ Projeten ausdenken, bei deene si gehollef kréien. Duerch eng gemeinsam Approche an e produktiivt Zesummeschaffe soll am Idealfall d’Méiglechkeet bestoen, datt d’Léierpersoun esouee Projet iergendwann och alleng kéint realiséieren.

Alles op ee Bléck:

Fërderziler vu kulturama.lu

Et geet bei kulturama.lu ëm eng weider Hëllefstellung bei der ästhetesch-künstlerescher Erzéiung, an doriwwer eraus ëm eng Sensibiliséierung fir kulturell Inhalter; och außerhalb vum Schoulkontext. Dës Initiative kënnen d’schoulescht Léiren ergänzen an erweideren a maachen de Kanner a Jugendlechen d’Begéignung mat Konscht a Kultur, onofhängeg vun hirem Alter, Hierkunft an hirem soziale Status, nach méi op.

Wat gëtt gefërdert?

Innovativ a kreativ Projeten an Initiative vu Léierpersounen, déi sech ronderëm d’kulturell Bildung an d’Kulturvermëttlung dréinen – am schoulesche wéi ausserschoulesche Beräich. Heifir kann op d’Hëllef vu Kënschtlerinnen a Kënschtler zréckgegraff ginn, déi d’Léierpersounen duerch hiren Knowhow aktiv bei engem Projet an der Klass ënnerstëtze kënnen.

Wie kann dorun deelhuelen?

Um Niveau vun de Léierpersounen: Alleguer d’Léierpersounen a Mataarbechter aus dem Fondamental wéi och dem Secondaire kënne Projeten erareechen, fir eng finanziell Ënnerstëtzung fir de Kënschtler vu Säite vu SCRIPT a Kulturministère unzefroen. Dëst um Niveau vun enger Klass oder an Zesummenaarbecht tëscht méi Léierpersounen op Niveau vun enger Schoul. D’Léierpersoune verflichte sech:

  • fir während dem Projet zu all Moment an der Klass dobäi ze sinn,
  • fir zesumme mat der Kënschtlerin oder dem Kënschtler um Projet ze schaffen,
  • fir nom Projet e kuerze Rapport a Form vun enger “good practice” eranzeginn, déi op kulturama.lu verëffentlecht gëtt; dëst fir anere Léierpersounen ë. Ë. nei Iddien an Ureegungen ze ginn.

Um Niveau vun den Experten: Kënschtlerinnen a Kënschtler wéi och Konschtpädagoginnen a -pädagogen aus der Kultur, déi Projeten am Kontext vum schouleschen Unterrecht ubidde kënnen (Dëse Formulaire). Fir op kulturama.lu opgelëscht ze ginn, mussen d’Kënschtler spezifesch Kritären erfëllen, déi mat hinne beschwat ginn. Aus Grënn vun Transparenz a Gläichberechtegung verflichte sech déi interesséiert Kënschtlerinnen a Kënschtler ausserdeem, zu dem gemeinsamen Tariff z’intervenéieren. Domat gehéiren se zu engem Kënschtler- resp. Artistepool, deen de Léierpersounen iwwert kulturama.lu zur Verfügung steet.

Oflaf

Eng Léierpersoun kontaktéiert e Kënschtler vun der Plattform, a si definéieren zesummen e Projet, dee si eraschécken (hei fannt dir de Formulaire). Heibäi ginn:

  • den innovative Charakter vum Projet beschriwwen,
  • uviséiert Resultater, Methoden a Kompetenze definéiert,
  • duergeluecht, firwat eng Interventioun vum Kënschtler gebraucht gëtt,
  • an a wéi enger Form de Kënschtler der Léierpersoun am beschten hëllefe kann resp. wéi hir Zesummenaarbecht ausgesäit.

No dem Eraschécke vun dem Dossier an enger innerministerieller Consultatioun kritt d’Léierpersoun zäitno eng Äntwert iwwer déi finanziell Bedeelegung. Ab dësem Moment kuckt d’Léierpersoun, zesumme mat dem Expert, de Projet an der Klass/Schoul ze realiséieren. No dem Projet an dem Erareeche vun engem kuerze Feedback gëtt déi accordéiert finanziell Bedeelegung, no Virleeë vun enger Rechnung, un den Expert iwwerwisen (Modell: résidents luxembourgeois, Modell: résidents étrangers).

Kontakt

Dir sidd eng Léierpersoun, eng Kënschtlerin, e Kënschtler oder eng kulturell Institutioun an hutt weider Froen, déi hei um Site net gekläert goufen, da mellt Iech op info@kulturama.lu.

Weiderliesen >> En Français >>

ARTISTEN

Méi Artisten >>

NEWS

ID 2018 #Neverland



Och dëst Joer war de Projet ID, deen op enger Konventioun tëscht dem SCRIPT an de Rotonden baséiert an dee prioritär Schülerinnen a Schüler aus dem Régime Préparatoire uviséiert, erëm e vollen Erfolleg. Interesséiert Enseignant(ë)en a Schoule kënne sech mellen, fir  2018/19 mat hire Klassen Deel vun dë...

Weiderliesen >>

Hip Hop Marathon 2018 - Dream&Reality



Och bei der Editioun 2018 vum Hip Hop Marathon goufen erëm déi ënnerschiddlechste Stil-Richtungen aus dem Beräich vum Hip Hop agesat. D'Schülerinnen an d'Schüler aus dem Régime Préparatoire hu gerappt, gedanzt, gebeatboxt a gesprayt, fir sech op ënnerschiddlech Aart a Weise kënschtleresch auszedrécken. Ze...

Weiderliesen >>

Personal Cuts



Wenn Gegenstände Geschichten erzählen

 

PERSONAL CUTS heißt die Ausstellung, die am 8. Juni in der Maison de la Culture in Diekirch eröffnet wurde und dort noch bis zum 1. Juli zu sehen ist. Die ausstellenden Künstler sind Jugendliche im Alter zwischen 12 und 16 Jahren. Sie sind erst seit letztem Herbst im Land und sind Schüler einer Accue...

Weiderliesen >>